Biete
Beratung
Arbeit

Bléisträif uleeën

Natur- & Geopark Mëllerdall 8, rue de l'Auberge 6315 Beaufort

Wëlls du gär déng Flächen oder däi Bongert mat enger Bléisträif opwäerten an esou den Insekten (nach méi) Nahrung a Liewensraum bidden?

Iwwert de Projet „Natura 2000 verbindet“ kanns du vum Natur- & Geopark Mëllerdall eng Bléisträif mat einheimesche Saatgut uleeën loossen.

Ob déng Flächen a Fro kommen, kanns du bei eis nofroen:

__________________________________________________________

Hues du ee Bauerebetrib (mat Betriebsnummer) a wëlls op déngem Acker méi ganzjäreg Liewensraim, zemools fir sougenannt Nützlinge, schafen?

Wéi wier et mat enger „Beetle Bank“? Hei fënns du méi Informatiounen dozou.

Weider Moossnamen vum „Insekteräich“-Projet sinn: Wildenergiepflanzen, Blühende Sträucher oder Mais-Stangenbohne-Gemenge.

Bei Froe kanns du dech gäre bei eis mellen: