Biete Lohnarbeit
Arbeit

Annonce Insekteräich: Altgrassträifen

Natur- & Geopark Mëllerdall 8, rue de l'Auberge 6315 beaufort maurice.schilling@naturpark-mellerdall.lu

Altgrassträif

Hues du ee Bauerebetrib a wëlls gär an dengem Bongert oder denger ugrenzender Wiss d’Strukturvilfalt mat engem Altgrassträifen erhéijen an esou ë.a. Insekten a Vullen en zousätzlechen Liewensraum bidden? Iwwert de Projet „Insekteräich“ kanns du vum Natur- & Geopark Mëllerdall aus eng finanziell Ënnerstëtzung kréien.

Wanns du interesséiert bass, kanns du dech gär ënner maurice.schilling@naturpark-mellerdall.lu oder um 26 87 82 91 -33 mellen.