(Totholz-)Hecken uleeën
Du géifs déng Flächen oder däi Bongert gäre mat enger Heckestruktur agrenzen an esou d’Biodiversitéit op denger Fläch erhéijen?
Du wëlls dem Schnëttgut aus dengem Bongert en zweet Liewe schenken?
Am Kader vum Projet „Natura 2000 verbindet“ iwwerhuele mir d’Organisatioun an d’Käschte vun enger Heckeplanzung oder dem Uleeën vun enger Totholzhecke.
Ob déng Flächen a Fro kommen, kanns du bei eis nofroen:
- marco.buchmann@naturpark-mellerdall.lu / +352 621 349 613
- julie.plumer@naturpark-mellerdall.lu / +352 26 87 82 91 – 25
__________________________________________________________
Op landwirtschaftleche Flächen kann am Kader vum „Insekteräich“-Projet eng finanziell Ënnerstëtzung ugefrot ginn fir d’Uleeën vun enger Benjesheck (Totholzhecke). Opgepasst, fir dës Mesure ass eng Betriebsnummer néideg. Weider Informatiounen dozou ginn et hei.
Bei Froe kanns du dech gäre bei eis mellen:
- insekten@naturpark-mellerdall.lu / +352 26 87 82 91 – 33