Offer
Regional Producer
Commercial
Hobbyimkerin Claire Larry
Als Hobbyimkerin, ass et mir wichteg mat de Beien zur Biodiversitéit bäizedroen. Et ass flott ze gesinn, wat déi kléng Déiercher leeschten an dobäi kritt een nach esou ee leckert Produkt. Ech maachen dat Ganzt aus Spaass un der Saach a si frou de Leit d’Beie méi no ze bréngen an och nach gudden Hunneg kënnen ze produzéieren.
Den Hunneg fannt Dir ënner anerem am Shop um Fléckenhaff. Dir kënnt en awer och ganz einfach telefonesch oder per E-Mail bei mir bestellen.