Biete
Event / Aktivität
Sonstiges

09/10/26: Obstsortenbestimmungskurs

Ëmwelt- an Naturschutzsyndikat SIAS L-2633 Senningerberg 3494101 moien@sias.lu

Eleng an eiser Regioun gëtt et ongeféier 520 Uebstzorten – vill vun den alen Zorte sinn awer vum Ausstierwe bedrot. Fir d’Diversitéit an eise Bongerten ze erhalen, kann et hëllefräich sinn, dës al Schätz erkennen ze léieren. Mir invitéieren iech dofir häerzlech op dësen Owes-Cours mam Marc Thiel vum Ëmwelt- an Naturschutzsyndikat SIAS.
De Cours kombinéiert Theorie mat prakteschen Übunge mam Uebst. Zesummen entdecke mir d’Welt vun de regionale Uebstzorten.

Wéini? 09/10/26 vun 19:00 bis 21:00 Auer
Wou? Treffpunkt an Uertschaft steet nach net fest, weider Infoen follgen

Mellt iech wgl. bis de 5. Oktober 2026 un:
T: 34 94 10 33
E: m.thiel@sias.lu