Search
Grazing
Work

🐑 Wiss / Bongert gesicht – Raum Befort (+/-15 km)

Alain Kirtz L-6312 Beaufort alainkirtz@hotmail.com

Gudde Moien,

ech sinn op der Sich no Wiss bzw. Weidefläche fir meng Schof, am beschten am Ëmkrees vu ronn 15 km vu Befort.

Ganz interessant wieren och Streuobstwisen/Bongerten, déi duerch d’Beweidung mat de Schof propper gehalen a gepflegt kéinte ginn.

Am léifste géif ech iwwer e Pachtvertrag fueren, well dat fir béid Säiten eng kloer an einfach Léisung ass. Kafen kënnt awer och a Fro, wann de Präis vun der Fläch an engem vernünftege Kader läit. 😉

D’Fläch muss net perfekt sinn – och méi kleng Parzellen oder Wisen, déi momentan net genotzt ginn bzw. e bëssen Ënnerhalt gebrauche kënnen, si fir mech interessant.

Falls Dir selwer eppes hutt oder een kennt, deen eng Wiss, Weide oder e Bongert ze verpachten huet, géif ech mech ganz iwwer eng Noriicht freeën.

Villmools Merci! 🐑🌿

Available until 04.09.2028