Cherche
PĂąturage
Travail

🐑 Wiss / Bongert gesicht – Raum Befort (+/-15 km)

Alain Kirtz L-6312 Beaufort alainkirtz@hotmail.com

Gudde Moien,

ech sinn op der Sich no Wiss bzw. WeideflĂ€che fir meng Schof, am beschten am Ëmkrees vu ronn 15 km vu Befort.

Ganz interessant wieren och Streuobstwisen/Bongerten, dĂ©i duerch d’Beweidung mat de Schof propper gehalen a gepflegt kĂ©inte ginn.

Am lĂ©ifste gĂ©if ech iwwer e Pachtvertrag fueren, well dat fir bĂ©id SĂ€iten eng kloer an einfach LĂ©isung ass. Kafen kĂ«nnt awer och a Fro, wann de PrĂ€is vun der FlĂ€ch an engem vernĂŒnftege Kader lĂ€it. 😉

D’FlĂ€ch muss net perfekt sinn – och mĂ©i kleng Parzellen oder Wisen, dĂ©i momentan net genotzt ginn bzw. e bĂ«ssen Ënnerhalt gebrauche kĂ«nnen, si fir mech interessant.

Falls Dir selwer eppes hutt oder een kennt, deen eng Wiss, Weide oder e Bongert ze verpachten huet, géif ech mech ganz iwwer eng Noriicht freeën.

Villmools Merci! 🐑🌿

Disponible jusqu'au 04.09.2028