Offre
Événement / Activité
Divers
Oktober: Mount vum Bongert
Feiert zesumme mam Natur- & Geopark Mëllerdall déi fir d’Regioun esou wichteg Bongerten!
Als prägende Bestanddeel vun der Regioun, définéiere si eis Kulturlandschaft a sinn en immens wichtege Liewensraum fir eng ganz Rëtsch Déieren a Planzen. Den Natur- & Geopark Mëllerdall setzt sech fir d’Erhalen an d’Neiplanze vun dësen aarteräiche Biotopen an.
Erlieft d’Bongerte während dem Mount Oktober op villfälteg Aart a Weis, souwuel vun hirer ekologescher wéi och kulinarescher Säit.
All d’Informatiounen fannt Dir um Site vum Natur- & Geopark Mëllerdall: https://www.naturpark-mellerdall.lu/fr/mount-vum-bongert-2026/